Wëllefchersbranche

D’Wëllefcher sinn 8-10 Joer al an erliewen flott Aktivitéiten an an em d’Natur.

D’Wëllefcher liewen zesummen an der Meute a sinn agedeelt a Sizainen. D’Liewen an der Meute baséiert sech op dem Rudyard Kipling seng bekannt “Dschungelgeschicht”. D’Wëllefcher léieren Déieren aus dem Dschungel kennen a sech mat hinnen identifizéieren. Duerch d’Spill léiere si mateneen eens ze ginn.

Op der Montée am Ufank vum Joër kritt all Wëllefchen seng 5 Saachen an wann en déi bis huet geet et richteg lass, waat natirlech net heescht dass een net kann am Laaf vum Joër an den Grupp kommen.

All Joer gett och den Sixplo organiseiert op deenen sech d’Wellëfcher aus dem ganze Land treffen.

IMG_0513

Gesetz

  • E Wëllefche lauschtert op deen ale Wollef.
  • E Wëllefche mécht d’Aën op a spëtzt d’Oueren.
  • E Wëllefchen as propper a seet d’Wourecht.
  • E Wëllefchen as e gudde Komerod.
  • E Wëllefchen hëlleft wéi a wou hie kann.

Nach méi Informatiounen fannt dir hei.