Branchen
Fir allen Altersstufe gerecht kënnen ze ginn, sinn d’Scoutsgruppen an verschidden Branchen opgedeelt, déi hire Programm den ënnerschiddlechen Alterskategorien upassen.



D’Scouten sinn 11-13 Joer al. An der Patrull huet jidderee seng Chargen a jiddereen huet seng Verantwortung ze droen.

D’Explorer sinn 14-15 Joer al. Hei gëtt et kee Chef méi, mee e Responsablen. D’Décisioune sollen zesumme getraff an den Trimesterprogramm zesummen organiséiert gi kënnen.

D’Rover sinn 16-21. Wéi och bei den Explorer ginn d’Aktivitéiten zesumme geplangt an organiséiert.
Gläichzäiteg kann een och Chef/Responsabel vun enger anerer Branche sinn.

Tembo ass d’Branche fir déi iwwer 21-Jähreg.
Gläichzäiteg kann een och
Chef/Responsabel vun enger anerer Branche sinn.

D’Cheffen organiséieren d’Aktivitéiten an deene verschiddene Branchen. All Branch huet hir Cheffen.
Chef kann een ab 16 Joer ginn.