Wëllefchersbranche

Beschreiwung

De Grupp vun de Wëllefcher besteet aus Kanner am Alter vun 8-10 Joër.
D’Wëllefchersgrupp ass op Dschungelgeschicht opgebaut. De Mowgli, ee klenge Jong huet am Dschungel mat den Wëllef zesummegelierwt.

De Grupp besteht wéi gesoot aus Sizainen an deenens du all Woch flott Aktivitéiten erlierwen kanns wéi z.b. bastelen, an den Bësch goen, Badger sammelen fir op deng Uniform ze bitzen a.v.m.

Heiansdo maachen mir awer och Sortien wéi z.b. Schlittschong fueren oder an den Kloterpark goen oder awer och an den Parc op Beetebuerg. Ausserdeem ass opmanst 1x am Trimester ee Weekend.

Op der Montée am Ufank vum Joër kritt all Wëllefchen seng 5 Saachen an wann en déi bis huet geet et richteg lass, waat natirlech net heescht dass een net kann am Laaf vum Joër an den Grupp kommen.

IMG_0513

Federalsaktivitéiten

Et ginn och Federalsaktivitéiten op deenen sech d’Wellëfcher aus dem ganze Land treffen, wéi de Sixplo deen all Joër ass oder den FEWEKA deen all 5 Joër organiséiert gëtt.

Um Pow Wow am Juli treffe sech dann alleguer d’Scoutsgruppen mat alleguer den Branchen fir d’Joër ofzeschléissen.
Wanns du interesséiert bass an eng kéier wells luussen kommen hei fenns du eise Programm vum Trimester.

Gesetz

  • E Wëllefche lauschtert op deen ale Wollef.
  • E Wëllefche mécht d’Aën op a spëtzt d’Oueren.
  • E Wëllefchen as propper a seet d’Wourecht.
  • E Wëllefchen as e gudde Komerod.
  • E Wëllefchen hëlleft wéi a wou hie kann.

Nach méi Informatiounen fannt dir hei.