Beaverbranche

Beschreiwung

D’Beaver sinn déi klengst an déi jéngst Branche an der FNEL.

Et si jonk Kanner am Alter vun  5-7 Joer, déi sech « um Weier» begéinen, fir zesumme mat hire Beaver-Frënn Freed ze erliewen, sech ze ameséieren a fir vill Neies ronderëm d’Natur an de Bësch kennen ze léieren.

Si liewen an der Beaver Colonie a kleng Gruppen agedeelt: d’Beaverdämm, die alleguer de Numm vun engem Bam droen.

An engem Damm sinn ongeféier 5-6 Beaver.

Programm

De Programm vun der Beaver-Branche ass fir eng Zäitspan vun zwee Scoutsjoer opgebaut.

Als Kader hu mir d’Geschicht vun de “Frënn aus dem Bësch” , déi eis e flotten Hannergrond fir eis Aktivitéite bidd an eis vill opreegend Momenter bereede kann.

De Programm selwer baséiert op 5 Haaptpunkten (Stäipen):

  • Freed hunn
  • Kreativitéit
  • Frënn
  • Natur
  • Gemeinschaft

IMG_0508

Federalaktivitéiten

Beaver huelen un 2 grouss Federalaktivitéiten deel:

De Beaver Funday wou sech all Beaver fun der FNEL treffen fier een flotten Dag ze verbréngen an de Pow-Wow wou sech dann als Oofschloss fum Joer all Scouten an Guiden, grouss an kleng, gesin.

Nach méi Informatiounen fannt dir hei.