Member ginn!

Entdeck d’Welt vun de Scouten:

  • Frëndschaft, Spill a Spaass
  • Verantwortung iwwerhuelen, zesumme plangen a schaffen
  • Liewen an a mat der Natur

D’Deckelsmouken encadréiere Kanner ab 5 Joer. Ab dem Alter vu 16 Joer kann een och als Chef an enger Branche aktiv ginn an un deene verschiddene Formatioune vun der FNEL deelhuelen.

Member bei den Deckelsmouken ze ginn ass net schwéier.

Einfach d’fiche d’inscription an d’fiche médicale ausdrécken an ausgefëllt un d’Deckelsmouke schécken oder engem vun eise Cheffe ginn.

Natierlech ass et och méiglech sech dat Ganzt am Vieraus mol unzekucken an direkte Kontakt mat de respektive Cheffen opzehuelen. Schreiwt eis einfach iwwert eise Kontaktformular!

Déi verschidde Branchen, grad ewéi eng Erklärung dozou an eng Lëscht mat de Cheffen sinn och op eisem Site ze fannen.

Bis geschwënn! 🙂

IMG_3306