Explorerbranche

Beschreiwung

D’Explorer si Jonker tëschent 14 an 15 Joer.

An den Explorer gëtt, par rapport zu de Scouten, vill méi op selbststännegt Schaffe gebaut. D’Explorer sinn net méi a Patrullen, mee an “Unitéiten” opgedeelt. D’Bezeechnung “Chef” ass duerch “Responsablen” ersaat ginn, well an deem Alter d’Aktivitéieten sollen zesummen décideiert, organiséiert an duerchgefouert ginn, waat awer net heescht, dass de RUE a seng Adjointen näischt fir “hir” Explorer organiséiren an d’Versammlungen patronéiren dierf. All Unitéit organiséiert sech demno wéi et hinnen am Beschten läit, dem Alter no an de Kenntnisser vun senge Memberen no.

All Member aus der Unitéit kritt eng bestëmmten Fonktioun. D’Koordinatioun vun deem Ganzen mécht de RUE an säin/seng ARUE(N). Hien ass och zoustänneg fir d’Relatioun zu deenen aanere Branchen an hiere Cheffen, zum Gruppechef esou wéi zum Explorercommissariat vun der FNEL.

Nach méi Informatiounen fannt dir hei.