
Beschreiwung
D’Beaver sinn déi klengst an déi jéngst Branche an der FNEL.
Et si jonk Kanner am Alter vun 5-7 Joer, déi sech « um Weier» begéinen, fir zesumme mat hire Beaver-Frënn Freed ze erliewen, sech ze ameséieren a fir vill Neies ronderëm d’Natur an de Bësch kennen ze léieren.
Si liewen an der Beaver Colonie a kleng Gruppen agedeelt: d’Beaverdämm, die alleguer de Numm vun engem Bam droen.
An engem Damm sinn ongeféier 5-6 Beaver.
Programm
De Programm vun der Beaver-Branche ass fir eng Zäitspan vun zwee Scoutsjoer opgebaut.
Als Kader hu mir d’Geschicht vun de „Frënn aus dem Bësch“ , déi eis e flotten Hannergrond fir eis Aktivitéite bidd an eis vill opreegend Momenter bereede kann.
De Programm selwer baséiert op 5 Haaptpunkten (Stäipen):
- Freed hunn
- Kreativitéit
- Frënn
- Natur
- Gemeinschaft
Federalaktivitéiten
Beaver huelen un 2 grouss Federalaktivitéiten deel:
De Beaver Funday wou sech all Beaver fun der FNEL treffen fier een flotten Dag ze verbréngen an de Pow-Wow wou sech dann als Oofschloss fum Joer all Scouten an Guiden, grouss an kleng, gesin.
Nach méi Informatiounen fannt dir hei.