Wëllkomm op der Homepage vun den Stengeforter Deckelsmouken

Moien,

Mir sinn d’Stengeforter Deckelsmouken!

Eise Grupp ass 2005 gegrënnt ginn, a no enger Rëtsch Formatiounen bidd eis Cheffenekipp zënter September 2007 de Kanner Encadrement. Haut huet eise Grupp iwwer 60 Memberen a mir freeën eis iwwer vill Engagement am Grupp sou wéi iwwer all Kand, Chef oder Comitésmember, deen interesséiert ass fir matzemaachen.

Eis Cheffen encadréiere Kanner ab 5 Joer a verschiddene Branchen. Ab dem Alter vu 16 Joer kann een och selwer als Chef an enger Branche aktiv ginn an un deene verschiddene Formatioune vun der FNEL deelhuelen. Méi Infoe fënns du hei.

Wann Dir also Loscht hudd eng Kéier bei eis laanschtzekommen, dann zéckt net a mellt Iech bei eis!

Eis Adress:

5 rue du cimetière
L-8413 STEINFORT