Roverbranche

D’Rover si Scouten am Alter zwëschen 16 a 18 Joer. Eis Aktivitéiten (Camp, Week-End, Sortie,…) ënnerhuele mir meeschtens mat deenen anere Branche vun den Stengeforter Deckelsmouken zesummen, mee heiansdo maache mir och Aktivitéiten ënnert eis.

E Rover kann, wann e well, och nach an enger vun den anere Branchen als Chef aktiv sinn oder heiansdo mol aushëllefe wann Nout um Mann ass.

D’Iddi vun de Rover ass, dass net alles vun Uewen erof décidéiert get, mee et soll alles zesummen am Grupp entscheed an organiséiert gin. Dowéinst hunn d’Rover, wéi dat och scho bei den Explorer de Fall ass, kee Chef mee e Responsablen. Sou huet jiddereen d’Méiglechkeet, seng Iddie mat an d’Aktivitéiten erafléissen ze loossen.

Wanns du méi wéi 16 Joer al bass, Loscht um Scoutissem hues an Deel vun eisem Grupp wells sinn, da bass du bei eis häerzlech wëllkomm.

Nach méi Informatiounen fannt dir hei.

Rover Flooss Schweden 2014