Scoutsbranche

Wat si Scouten/Guiden?

D’Guiden a Scoute sinn 11-13 Joer al. Si liewen zesumme an enger Patrull, dat ass eng Équipe vu 5-8 Jongen a Meedercher. D’Patrulle sinn zesummen an der Trupp organiséiert. An der Patrull huet jidderee seng Chargen a jiddereen huet seng Verantwortung ze droen. Sief et am Spill oder an der Aktioun; jidderee soll seng Responsabilitéit iwwerhuelen.

Nieft de regelméissege Versammlunge maachen d’Scouten och vill Aktivitéiten, déi iwwert ee ganzen oder e puer Deeg ginn. Dat sinn zum Beispill Sortien, Weekender, Hiken, Campen a Villes méi!

IMG_9285

D’Scoutsverspriechen

Ech verspriechen, mäi Bescht ze dinn,

fir meng Flischte géintiwwer der Gesellschaft a mir selwer ze erfëllen,

fir no de Wäerter vum Scoutsgesetz ze liewen

a fir mech mat Iech zesummen anzesetzen fir eng besser Welt

image-8

D’Scoutsgesetz

  • E Scout e Wuert
  • E Scout ass éierlech a fair
  • E Scout ass manéierlech
  • E Scout respektéiert jiddereen, sou wéi en ass
  • E Scout léisst keen am Stach
  • E Scout setzt sech a fir Emwelt a Natur
  • E Scout mécht aus allem dat Bescht
  • E Scout mécht all Dag eng BA
  • E Scout respektéiert, wat him an anere gehéiert
  • Scouten halen zesummen

Nach méi Informatiounen fannt dir hei.