Eise Grupp

De Grupp vun de Stengeforter Deckelsmouken ass am Joer 2005 gegrënnt ginn.

Dëse Projet war d’Iddi vu puer Jonker aus der Gemeng Stengefort, déi sech zesummengedoen an alles un d’Rulle bruecht hunn. Si hu sech bei der FNEL gemellt an zesumme mat der Fédératioun e “Groupe libre” opgestallt. Am éischte Joer hunn déi jonk Leit d’Formatioune vun der FNEL gemaach a sech an d’Welt vun de Scouten eragelieft. Duerno kruten si e Responsabele vun der FNEL zougedeelt, deen hinne fir den Ufank sollt zur Verfügung stoen. Lues a lues krut de Grupp Memberen: e Comité ass enstanen an d’Cheffenekipp ass méi grouss gin. Ab September 2007 huet déi Cheffenekipp dann och den Encadrement vun de Kanner offréiert, waat e vollen Erfolleg war.

Haut huet eise Grupp iwwer 60 Memberen an mir hoffen dass et der nach méi ginn 🙂

Mir si frou fir all Kand, Chef oder Comitésmember, deen interesséiert ass fir matzemaachen.

Wann Dir also Loscht hudd eng Kéier bei eis laanschtzekommen, dann zéckt net a mellt Iech bei eis!

Eise Comité

Carlo Koepp, Président
Marco Eich, Vice-Président
Tina Barbarini, Secrétaire
Yves Rauen, Trésorier
Lynn Palgen, Chef de Groupe
Nadine Hentges, Chef de Groupe
Jill Gras, Membre
Raymond Winandy, Membre