
Wat si Scouten/Guiden?
D’Guiden a Scoute sinn 11-13 Joer al. Si liewen zesumme an enger Patrull, dat ass eng Équipe vu 5-8 Jongen a Meedercher. D’Patrulle sinn zesummen an der Trupp organiséiert. An der Patrull huet jidderee seng Chargen a jiddereen huet seng Verantwortung ze droen. Sief et am Spill oder an der Aktioun; jidderee soll seng Responsabilitéit iwwerhuelen.
Nieft de regelméissege Versammlunge maachen d’Scouten och vill Aktivitéiten, déi iwwert ee ganzen oder e puer Deeg ginn. Dat sinn zum Beispill Sortien, Weekender, Hiken, Campen a Villes méi!
D’Scoutsverspriechen
Ech verspriechen, mäi Bescht ze dinn,
fir meng Flischte géintiwwer der Gesellschaft a mir selwer ze erfëllen,
fir no de Wäerter vum Scoutsgesetz ze liewen
a fir mech mat Iech zesummen anzesetzen fir eng besser Welt
D’Scoutsgesetz
- E Scout e Wuert
- E Scout ass éierlech a fair
- E Scout ass manéierlech
- E Scout respektéiert jiddereen, sou wéi en ass
- E Scout léisst keen am Stach
- E Scout setzt sech a fir Emwelt a Natur
- E Scout mécht aus allem dat Bescht
- E Scout mécht all Dag eng BA
- E Scout respektéiert, wat him an anere gehéiert
- Scouten halen zesummen