Beaver

Beaverbranche

D’Beaver sinn déi klengst an déi jéngst Branche an der FNEL.

Et si jonk Kanner am Alter vun  5-7 Joer, déi sech « um Weier» begéinen, fir zesumme mat hire Beaver-Frënn Freed ze erliewen, sech ze ameséieren a fir vill Neies ronderëm d’Natur an de Bësch kennen ze léieren.

Si liewen an der Beaver Colonie a kleng Gruppen agedeelt: d’Beaverdämm, die alleguer de Numm vun engem Bam droen.

An engem Damm sinn ongeféier 5-6 Beaver.

Programm

De Programm vun der Beaver-Branche ass fir eng Zäitspan vun zwee Scoutsjoer opgebaut.

Als Kader hu mir d’Geschicht vun de „Frënn aus dem Bësch“ , déi eis e flotten Hannergrond fir eis Aktivitéite bidd an eis vill opreegend Momenter bereede kann.

De Programm selwer baséiert op 5 Haaptpunkte (Steipen):

  • Freed hunn
  • Kreativitéit
  • Frënn
  • Natur
  • Gemeinschaft
IMG_0508

Federalaktivitéiten

Beaver huelen un 2 grouss Federalaktivitéiten deel:

De Beaver Funday wou sech all Beaver fun der FNEL treffen fier een flotten Dag ze verbréngen an de Pow-Wow wou sech dann als Oofschloss fum Joer all Scouten an Guiden, grouss an kleng, gesin.

Badge

Bei de Beaver konzentreiere mer eis ganz op d’Kand awer net dat wat hat kann steht am Mettelpunkt mä seng Approche dozou Neies ze erliewen an ze probeieren.

Dofir ass de Beaver-Badge eischter eng Belounung fir eppes wat hien versicht huet, fir eppes wat hien besonnech gudd kann an net eng ‘Spezialisatioun‘ op engem Gebidd, sou wei et speider an der Wellefchersbranche de Fall ass.

De Beaver-Badge feiert de Principe vun de Badger an ouni denen aneren Branchen eppes ewäsch ze huelen.
De Badge besteet aus engem feste Support: der Beaverpatt op dei 5 verschidden Krallen fixeiert gin. Si hun Farwen: rout, giel, greng, orange an blo. Si erenneren un Beavergesetz an Beaverdevise an stin jeweils fir:

  • Rout: E Beaver hëlleft iwwerall.
  • Greng: E Beaver denkt un d‘Natur.
  • Giel: E Beaver ass frou.
  • Blo: E Beaver ass fläissesch.
  • Orange: Deelen, deelen, deelen.

Am prakteschen soll dat an der Colonie esou gemach gin, dass de Chef des Patten (et ass ëmmer en Set vun enger Patt mat 5 Krallen) am Scoutsshop keeft an dann Patt (ouni Krallen) bis speitstens beim Verspriechen dem Beaver iwerreescht.

Des Patt gett dann op den Beaverpullover gebitzt. D’Krallen hält den Chef bis hien der Meenung ass, den Beaver hätt bewisen dat hien sech extra gudd un e vun deenen 5 Punkten hällt. Wéi oft an a wéi enger Form all Colonie sengen Beaver Krallen iwerreescht ass den Cheffen iwerloss.

E gudde Beaver huet also no 2 Joer, wann en d’Montee fir an d’Wëllefcher mëcht, die 5 Krallen un senger Patt.